Bei eeleren Haiser besteet de Risiko, datt den Daach seng Funktioun net méi richteg erfëllt a spéitstens, wann et ufänkt mat drëpsen ass et Zäit fir een neien. D’Firma RECATOIT vun Huldang ass op Renovatiounen a Reparature vum Daach spezialiséiert. De Betrib, deen zanter 1924 existéiert, bitt d’Frëschandeckung, d’Charpente, Blechaarbechten a Schiferfassaden un. De Jean-Luc Michels, Chef vu Recatoit, schätzt de perséinleche Kontakt mam Client. Hien ass net just all Schaffdag selwer um Schantjen, mee këmmert sech och ëm de Suivi. Dee fänkt schonn domat un, datt hien eegestänneg bei de Client fiert, fir den Devis z’erklären. „Mir huelen all Optrag eescht, sief et eng grouss Renovatioun oder just ee Kullang, dee gefléckt muss ginn“. Wann eng dringend Reparatur néideg ass, wéi no engem Stuerm, fiert Recatoit souguer weekends eraus, fir sou séier wéi méiglech ze hëllefen. Eng Firma, op déi jidderzäit Verlooss ass.